Schwätzt mat!

Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Um Optakt vun der aktueller Legislaturperiod hunn ech mir den Dialog mam Secteur als eng vu menge Prioritéite fixéiert. “Bildung am Dialog“ zitt sech an deem Sënn wéi ee roude Fuedem duerch meng Politik, sief et an der Gestioun vun der aktueller sanitärer Kris oder sief et, wann et ëm d’Zukunft vun der Educatiounspolitik geet.

Ech wëll wëssen, wou de Schong dréckt, an dat ginn ech reegelméisseg am direkten Echange mam Terrain gewuer, a Gespréicher mat Enseignanten, Direkteren, Elteren, Schüler a Partner vun der Educatioun.

Wa mer zesumme schwätzen, kënne mer och zesummen eppes erreechen. A wa “Bildung am Dialog” mer bis elo eppes gewisen huet, dann, datt mer reegelméisseg d’Perspektiv vun deem anere mussen anhuelen, fir ze gesinn, wat mir selwer kënnen zum Erfolleg bäidroen.

Ech sinn a bleiwen dovunner iwwerzeegt, datt mer a ville richtungsweisenden Decisiounen e méi breede Konsens kënne fannen. An datt esou e Konsens der Qualitéit vun eisem gesamte Bildungswiese guttdeet.

Loosst eis zesummen u faire Bildungschancë fir jidderee schaffen.

Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend


Aktuell