Flotten Echange zu Wolz mat Kanner aus dem Cycle 2 zu de Kannerrechter an der Participatioun. Zesumme mam Kannerbureau Wolz hu si dës 2 wichteg Theemen an der Klass behandelt an dem Minister hir Reflexiounen an Aarbechte gewisen.
D’Kultur vun der Participatioun ass enorm wichteg a soll vu kleng op gefördert ginn. De Kannerbureau Wolz leescht hei eng exemplaresch Aarbecht a begleet Kanner an hir Enseignanten an deem Beräich.