Echange

Zeréck

Austausch mam Kanner- a Jugendrot vun de staatleche Kannerheemer

19. September 2021
Artikel

Den Educatiounsminister hat e Freiden e ganz interessanten Echange mat de Jonken aus dem Kanner- a Jugendrot vun de staatleche Kannerheemer. Ënnert anerem ënnerstëtzt de Claude Meisch d’Demande vun deene Jonke fir eng “Caisse” an de “Wunngruppen” ze instauréieren. Iwwert dee Wee kréien déi Jonk elo d’Méiglechkeet och u Fräizäitaktivitéite mat hire Schoulkolleegen Deel ze huelen a kënnen esou méi aktiv um soziale Liewe participéieren ewéi dat bis ewell de Fall war.