Am Kader vun der geplangter Reform vum Jugendschutzgesetz huet den Educatiounsminister Claude Meisch ugangs Mäerz 2022 déi grouss Acteuren an deem Beräich empfaange fir en Echange mat hinnen ze hunn, notamment d’Fedas, d’AITIA, de Centre socio-éducatif a Vertrieder vun de Fleegeelteren.
Jugendschutz a Jugendstrofrecht sollen an Zukunft méi kloer getrennt sinn an d’Prozeduren am Jugendschutz ginn iwwerschafft. An de Gespréicher war ee sech eens, datt eng Reform néideg ass. Den Text soll geschwënn op den Instanzewee geschéckt ginn.