Echange

Zeréck

D’Jugendhaiser am Gespréich mam Claude Meisch

02. Mäerz 2021
Artikel

D’Jugendhaiser hunn alles ënnerholl, fir de Kontakt mat deene Jonken ze halen an doriwwer eraus de Kontakt tëschent de Jonken ze fërderen. Se hunn e wäertvolle Lien zu de Jonken hiergestallt, déi sech an de Jugendhaiser sécher fillen. Déi Professionell hunn am Gespréich de Minister ëm Ënnerstëtzung a konkret Perspektive fir déi Jonk gebieden, well et ëmmer méi urgent gëtt, datt d’Jugend hir Handlungsfräiheeten erëmkritt. Virun allem well se kämpfen, fir hir Platz an enger Gesellschaft ze fannen, wou d’Meenunge vun den Erwuessenen ausenanerginn. An den Aen vun de Vertrieder vun de Jugendhaiser hunn déi Jonk en enorme Potential, deen nëmmen drop waart, sech kënnen ze entfalen. D’Sensibiliséierungsaarbecht muss virugoen, virop fir d’Eltere par rapport zu de sanitäre Mesuren ze berouegen. Donieft fuerderen se all, datt Schnelltester an den Asaz kommen, fir datt iwwer dee Wee beispillsweis erëm Sportsaktivitéite méiglech ginn an esou erëm e gewëssenen Equiliber entsteet.