Echange

Zeréck

Echange mam Jugendparlament zum Thema Wuelbefannen

11. Mäerz 2021
Artikel

Am Kontext vun den Echangen zum Thema Wuelbefannen huet den Educatiounsminister Claude Meisch och d’Jugendparlament consultéiert. Déi Jonk hunn sech an enger rezenter Resolutioun mam Sujet Depressioun beschäftegt a festgestallt, dass dës Problematik net bekannt genuch ass ënnert de Schüler an allgemeng een Tabu an eiser Gesellschaft ass.  D’Jugendparlament fuedert ënnert anerem, datt déi Jonk méi an der Schoul informéiert ginn an datt eng Sensibiliséierung um Niveau vun der Gesellschaft gemaach gëtt.

Zesumme mat Vertrieder vum CePAS (Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires) huet de Minister Claude Meisch deene Jonken nogelauschtert an et goufe Weeër opgezeechent, fir zesumme mam CePAS an den SePASen aus de Lycéeën un enger méi breeder Informatioun ze schaffen.