Echange

Zeréck

Jugendorganisatiounen

28. Abrëll 2021
Artikel

All d’Jugendorganisatiounen hu betount, dass se alles ënnerholl hunn, fir d’Aktivitéiten esou gutt ewéi nëmme méiglech am Respekt vun de sanitären Dispositioune weiderlafen ze loossen. Den Engagement an d’Participatioun vun deene Jonke war wärend der Kris ganz grouss an och am Virfeld vum Summer gëtt et eng enorm Demande, fir un Aktivitéiten deelzehuelen.

De Minister huet ënnerstrach, wéi wichteg et ass, fir am Summer Aktivitéiten och mat Iwwernuechtunge kënnen ze organiséieren. Iwwer Päischte solle gewëssen Aktivitéiten als Pilotprojet ugebuede ginn, fir Erfarungen ze sammelen. All d’Jugendorganisatiounen um Dësch begréissen dës Initiativ a si bereet, fir bei esou enger Pilotphas matzemaachen.