Echange

Zeréck

Sproocheronn 2022: Bierger schwätze mat iwwer den 20 Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

13. Juni 2022
Artikel

Am Suivi vun der Sproocheronn 2017 kréien d’Bierger och elo nees Geleeënheet, fir sech aktiv an d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen, dëst an enger neier Sproocheronn tëscht dem 7. an dem 16. Juni 2022. Gesicht gëtt Input fir den 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen de Commissaire Marc Barthelemy Enn des Joers der Regierung iwwergëtt.

D’Sproocheronn 2022 mam Minister Claude Meisch gëtt op véier Owenter a véier Regioune vum Land organiséiert an all Bierger ass invitéiert, dohinnerzekommen, matzediskutéieren  a Proposen ze maachen.

Den Optakt war de 7. Juni am Terres-Rouges-Gebai um Belval (Foto hei driwwer), den 9. Juni war dunn déi zweet Statioun zu Iechternach am Lycée. Allkéiers waren eng Partie interesséiert Leit komm fir matzediskutéieren. Et war op alle Fall zweemol e flotten Echange an dee geet dann och nach weider:

•  Dënschdes, de 14. Juni: Lycée Michel-Rodange an der Stad
•  Donneschdes, de 16. Juni: Lycée Edward Steichen zu Clierf

jeeweils ëm 19 Auer.

Flyer zu der Sproocheronn 2022