Échange

Retour

Echange mat Vertrieder aus den non-formale Bildungs- a Betreiungsstrukturen

27. Mars 2023
Article

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, hat den 23. Februar een Echange mat Vertrieder aus den non-formale Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison-relaisen a Foyers de jour) An deene verschiddenen Atelieren konnten d’Leit hir Meenung zu verschiddenen Theemen äusseren. Dobäi si vill konstruktiv a konkret Iddien op den Dësch komm, fir dëse Secteur weiderzeentwéckelen an d’Qualitéit vun der pedagogescher Aarbecht konsequent ze verbesseren. Dëst virun allem am Sënn vun de Kanner a vum Personal.